Fête-Dieu 2003

par Michel Michaely, diacre permanent

Ët gët Zeechen oder Gesten, déi ganz spezifesch an originell fir desen oder deen Mënsch sin.

Doduurch gët hien sech z'erkennen sou wéi ën as - doduurch kënnen mir oder aner heen emmer erem glaïch erkennen, an hien bläiwt esou an eiser Erennerun, och wann ën net méi ënnert äis liewt.

Bei engem Konveniat vun Klassenkameroden oder Aarbechskollegen geet ët dur, datt een en fréieren Professer oder Chef noaamt, sou wéi déeen geschwat oder sech bewegt huet, sou wéi en det oder dat gemmach an reagéiert huet - an deen, mat deem een schons zënter laanger Zäit näischt méi ze din hat, as erem präsent an ze gläich och all Gefiller, déi mat him verbonnen woren, Ierger oder Sympathie, Aangscht oder Feindschaft.

Och fir de Mënsch Jesu vun Nazaret gët ët esou ee Gest, eng typesch Handbewegung, an déier säin ganzt Wiesen, säin ganzt Din an Don zesummengefasst sin.

Ët besteet dodranner, datt hien een Steck Brout an séng Hänn hëlt, ët seent, ët brecht an ët ausdeelt.

Dee Gest vum Broutbriëchen ass esou tipesch, esou characteristesch fir de Jesus, datt séng Jünger en dorunner erkennen:

wéi si nom Doud vun hiirem Här a Meeschter vun Jerusalem fortgangen woren an dat als Mënschen, déi gescheitert woren an sech no Emmäus zréckgezunn hun. Sie erkennen de Jesus net un séengem Gesiicht an un sénger Gestalt, well hien no Ouschteren d'Gesiicht vun allen Mënschen dréit. Awer am Briëchen vum Brout, an der Gemeinschaft vum Iëssen an am Trouscht an der Verzweiwelung, datt hien bäi hinnen bläiwt, wéi ët owend gin as, dorunner erkennen si heen.

De Jesus huet de Gest, dat Zeechen emmer erem gemaach, sou datt ët zum Sakrament vun der Erënnerung un heen gin as:

Hien suuz zesummen mat Mënschen um Desch, huet mat hinnen giëss an gedronk. An déi, déi un sou engem Iëssen deel geholl hun, dat woren net déi hellegst Mënschen, ët woren net déi vum Vollek auserwielt Mënschen. Mä no allem, wat d'Evangelien äis erzielen, huet de Jesus déi Äarmst vun den Aarmen un säin Desch angelueden: Prostituéierter, Zöllner, Sënder, zerbrachen Mënschen, Mënschen, déi keen Succès an hiren Liewen haten, Mënschen, déi vun aneren ausgestouss woren, Mënschen, mat deenen keen sech wollt ofgin. Mënschen awer, déi wierklch Léift, Verzeien an Zoutrauen gebraucht hun.

Op déi Mënschen as de Jesus zougangen an huet si bäi sech obgeholl.

An dat hun déi, déi Muecht an der Politik an am reliéisen Liewen haten, him nët verziën, dat hun si net verstanen.

"Hien gët sech mat Sënder of an en ësst souguer mat hinnen."

Dat wor de Viirworf vun séenden Géigner.

De Jesus awer wollt säin Brout mat jidferengem deelen - hien wollt sech mat jidferengem vun hinnen beschäftegen, sech fir heen Zäit huelen, well jidfereen as fir den Jesus wichteg, jidfereen vun eis as fir heen eng Perséinlechkeet, ee Mënsch, dien säin Wäert huet an en emmer behält, egal wat en an séngem Liewen gemaach huet.

Och an der leschter Nuecht zu Jerusalem, an der Nuecht virun séngem Doud, huet de Jesus nach eng Kéier séng Leit, séng Frenn un säin Desch invitéiert.

An och bäi déier Geleenheet sin séng Gäscht keng Auserwielt, keng Helleg.

An de Jesus seet déi kuurz Säz, déi mir bäi all Massfeier héieren an nosoen:

Sou wëllt de Jesus fir eis sin:

hien wëllt fir eis ee Brout sin, dat nahrhaft as, dat gutt schmaacht, dat gutt richt, dat eis staark mecht, ee Brout, dat net verduerwen as an esou äis nët verdierwen kann.

Nee, de Jesus schenkt äis gutt Wierder, Wierder, déi wéi Brout sin, Wierder vun deenen an an deenen mir liewen kënnen.

De Jesus huet, wéi mir gesin, nie ee Mënsch ofgewiesen, ausgeschloss, kee Mënsch vergiess.

Dat Fest vun haut soll esi drun erënneren, him ët nozemaachen. Mir sollen haut apaart drun denken, wat hien beim leschten Abendmahl gemacch huet.

Wann mir séng Jünger an Jüngerinnen wëllen sin, wann mir bereet sin, séng Botschaft unzehuelen an durno ze liewen, dann sin mir och obgeruff an deem Milieu, an deem mir liewen an wunnen, wou mir schaffen, keen auszeschléissen, keen ze vergiessen, mä op jidfereen zouzegoen, jidfereen unzehuelen sou wéi en as, keen ewegzeschecken oder him d'Dir op der Nues zouzeschloen, kengen d'kal Scheller ze weisen.

Dat gëlt och an am besonneschen fir déi Aarm an déi, déi um Rand vun eiser Gesellschaft liewen; dat gëlt fir all, déi keng Aarbecht fannen; dat gëlt fir d'Flüchtlingen; dat gelt fir déi eeler an krank Mënschen.

Datt dat net emmer einfach ze realiséieren as, dat wessen mir all. Do gët vill vun eis verlaangt an erwaard, eppes wourobber mir nët emmer viirbereet sin.

Dofir wëllen mir en deser Feier an deser Stonn drëms biedelen, datt mir d'Kraaft an d'Energie kréien, deen néidegen Schrëtt an déi Richtung ze maachen. Jo mir wëllen eis op de Wee maachen, hin zu der Léift vub eiser Här Jesus Christus an an sénger Léift bleiwen.