Témoignage 2005 Cologne

Dest ass d'Suite vun mengen Temoignagen aus Toronto an aus Roum.

Meng JMJ hun schon am März 2004 ugefaang. Zu deem Zeitpunkt huet sech nähmlech Caravane formeiert, eng Jugendchoral dei Lëtzebuerg sollt op JMJ viirbereeden. Den offiziellen Programm vun der Caravane war un sech 5 Massen, dei zu Diddeleng, Wuermer, Woltz, Mamer an Ettelbreck statt fond hun, an 3 Véilléen, dei zu Esch, Klierf an hei bei eis oofgehaalen goufen, ze animeieren. An den Massen Thema an den Logo vun den Weltjugenddeeg zu Köln presenteiert gin. Mee et ass an engems och Reklam gemaach gin fir dass Letzebuerg aktiv soll mattmaachen. Daat soll heeschen dass no Familjien gesicht gouf dei bereed wieren auslännesch Gäscht aus der ganzer Welt ze empfänken. Caravane huet ausserdeem eng Gebietsnuecht an der Jesuitenkapel um Belair an och eng Mass am Freien zu Alzeng um Haff vum Edmond Ries sengem Bruder animeiert.

Niewend deem offiziellen Programm, huet Caravane 2 Radiosmassen gesonngen, eng zu Helleng an eng zu Steebrecken. Eng Mass zum Gedenken vum verstuerwen Poopst Jean-Paul 2. ass matt der Caravane an matt der Maitrise aus der Cathédraal gefeiert gin. Organisatorescht Kennen huet Caravane och bewisen andeems se en Benefitz-iessen fiir den Projet Japo deen vum Fabienne Michaux geleet gin ass, op Been gestallt huet. Niewend deem professionellen Deel, sangen an musizeieren, sin och fill Frendschaften enstaan an esouguer eng Verlobung gouf gefeiert.

4 Wochen eier JMJ dann elo ugeffangen hun, hun ech hei an der Por geschafft, wou ech un den Preparatiounen mattgehollef hun an och nach aaner Saachen gemaach hun. No 2 Woche haaten mir awer schon dermoossen d‘Flemm weinst deem ganzen Stress deen mir matt den Preparatiounen haaten, dass mir eigentlech nemmen nach op Köln wollten, wou mir eis einfach vum JMJ-Feeling dreiwen keinten loossen. Dei 2 next Wochen sin dann och nach am Stress eriwwer gaang.

Dun endlech sin d‘Journée en Dioscèse hei am Land ungaang, den JMJ-Feeling haat sech schon 2 Deeg virdrun ageschalt an ech konnt et kaum nach erwaarden dass et richteg lass géng goen.

Dun Mettwochs sin eis Auslänner ukomm. D‘Gaaschtfamiljien aus eiser Por waaren matt eisem Här Paschtouer op den Cents gefuer wou eis Gäscht och zimmlech pünktlech ukomm sin! Den Kontakt war schnell hiirgestallt. Meng Famill an ech kruuten och en Gaascht, den Jean-Luis vun Seine bei Pareis. En jonken Här vun 29 Joer, matt engem Informatiker-diplom an indescher Oostaamung. Mir hun hien freedeg bei eis opgeholl an matt Kniddelen gefiddert. Dunn war et och schon Zeit vir eis op den eischten Ateliers-daag viirzebereeden.

Nodeems mir dann moies e klengt Gebied matt Eucharistiefeier, animeiert vun eis matt eisen auslänneschen Gäscht, haaten, sin mir dunn op Klierf gefuer fiir eisen eischten Daag matt Atelieren ze verbrengen. Owes huet d‘Caravane dann d‘Eröffnungsfeier animeiert. Och en groussen Moment fir eisen klengen Garer-grupp, mir sollten nämlech eist Ländchen viirstellen. Et sin awer, wei soss och, eng ettlech Saachen schiif gaangen. Mir sollten nämlech deen ganzen Sketch deen mir prepareiert haaten net wei fiirgesin op der Bühn presenteieren mee ennen virun den Leit, wou dei dei ganz hannen stongen neischt mei gesin hätten. Eisen Garer-grupp huet sech awer vun deem „Uerder“ vun „uewen“ net beandrocken geloos an huet et kuerzer Hand trotzdeem esou gemaach wei sie et fir richteg fond hun, nähmlech greisstendeels op der Bühn. Waat och gudd war, well mir haaten ganz groussen Succes.

Dei 2 next Deeg hun mir dann emmer moies en klengt Gebied matt unschleissender Eucharistiefeier gehaal. Duerno sin mir dann an d‘Atelieren gereest, den 2ten Daag sin mir hei op der Gare bliwen an deen 3ten Daag sin mir op Esch gefuer.

Den 3ten Daag, also Samsdes, huet owes en klengen Grupp vun 34 Milanesechen Scouten matt hiirem Velo un Porer-Diir geklappt. Sie wollten froen op mir net eng Plaatz fir sie hätten wou sie keinten des Nuecht schloofen, sie wieren vun Stroosbuerg aus mam Velo ennerwee fiir op Köln, an gengen muer den moien erem virun fueren. Sou weltoffen wei mir sin, hun mir hinnen den Scouts-home zur Verfügung gestallt, mee sie sin net Sonndesmoies virun gefuer, sin hunn nach matt eis Mass gefeiert dei mir jo speziel prepareiert haaten fir Journée en Paroisse. Sie wollten dunn no der Mass fueren, mee daat hun sie dunn och net gemaach, mir haaten se nähmlech nach inviteiert fiir matt eis zu Metten zeiessen. Duerno wollten se dunn awer wiirklech fueren, hunn se awer net! Sie hun dunn nach um Rallye deelgeholl deen Schwester Daniele an den Gregi prepareiert haaten fir eis Gäscht. Speitsdens elo wollten se eis wiirklech net mei belaaschten an fueren. Hun sie awer trotzdeem net gemaach. Mir hun sie nach zum Nuetiessen hei konnen behaalen, wou mir dunn och duerno och nach eng riiiisen Party haaten! Esouguer eis Meechtesch, Mme Waxweiler huet Danzbeen ronderem geheit. Eis italienesch Scouten un dunn nach eng Nuecht bei eis verbruecht an esou munch Frendschaften sin entstaan.

Meindes Moies, während mir eis op den Wee gemaach hun op Iechternach zefueren, sin Scouten matt hiirem Velo virun gefuer Richtung Baastenesch viir dann esou op engem Emwee op Köln zefueren.

Zu Iechternach ukomm, hun mir eist Gepäck emol missen oofgin. Duerno war Cérémonie d‘Envoie, dei och erem vun der Caravane animeiert, an vum Här Erzbeschof Fernand Franck zelebreiert gouf.

An endlech geet et lass op Köln, den Frenn an Familjien dei hei bliwen sin nach Eddi gesoot, Handgepäck an den Bus gedroen, en läschten Interview gin an Kölle mir kommen.
Leider suutz ech am Bus vun der Caravane an konnt dei Rees net zesummen matt mengem Grupp ugeoen, mee aanererseitz, esou eng Geleenheet kennt niemei, als Jugendchouer op JMJ zefueren deen schon Letzebuerg op JMJ prepareiert haat an elo nach d‘Chance huet Catecheesen zu Köln ze animeieren. Mein Grupp huet mir daat secherlech verzien.
Geleet vum JMJ-Feeling hun mir dunn am Bus gesongen an och interessant an seriö Gespreicher gefouert. Mee dunn, wei mir dunn endlech zu Köln ukomm sin, an ech aus dem Bus geklommen sin.....war mein JMJ-Feeling fort. Ech wees net wou en war, einfach fort.
Ech hun mir geduecht dass et villeicht nervositeit ass an dass ech en speitsdens muer den moien am Muergengebied erem giff kreien, also hun ech mech frou Gemudds matt mengen Reeskomeroden an eiser Schoul instaleiert.

Den Daag dorobber, ganz frei muerges um 7 Auer waar dunn daat eischt Muergesgebied. Ze frei wann der mech froot. duerno sin mir dunn matt der Bunn an E-werk gefuer, eng Disco, wou sech dann den ganzen Euregio-grupp gesin huet. Deen eischten Daag gouffen dei verschidden Länner dunn viirgestallt dei derbei waren, d‘Belsch, Frankreich, Deitschland an Letzbuerg. Mettes ass et dann lass gaang op Köln, den Programm war schrecklech voll, et hätt een sech missen an 5 deelen, wann een alles hätt wellen maachen, an et waar fir all Gout eppes derbei, vum rouegen Taizé-gebied bis hin zur animatioun an der Foussgängerzoon.

Ech hun probeiert esou dacks wei meiglech mein Garergrupp zetreffen, an matt hinnen den Daag zeverbrengen, waat och ganz gudd geklappt huet.

Dei 3 Deeg duerno waaren erem Muergesgebieder um 7 Auer dei ech awer matt rougem Gewessen verschloof hun, well den Daag vun virdrun emmer esou laang an unstrengend war dass ech mein Scheinheetsschloof eeben gebraucht hun, an ech war nach laang net deen eenzegen deen deen och gebraucht huet. No deenen verschloofen Muergesgebieder waren dunn Catechesen dei vun der Caravane animeiert goufen an vun zwee Bescheef goufen Froen beäntwert. Leider hun dei Catechesen bei mir net daat selwecht ausgeleist wei dei zu Toronto oder dei zu Roum, well schlussendlech hun ech während der 3ter Catechees eng Zeitung geliess an engem Eck vun der emfunktioneierter Disco.

Deen 4ten Daag, Freides, hun mir dem Fabrice sein Gebuertsdaag gefeiert an engem leiwen klengen italieneschen Restaurant, mir waaren dei eenzeg Clientel an mir kruuten Gedrenks fir neischt an en verbellegten Tarif viir d‘Iessen, super fein vum Patron, Merci nach eng Keier un deser Plaatz. Et sin also elo schon 4 Deeg zu Köln vergaang an deenen ech mein JMJ-Feeling nach net erem fond hun.

Samsdes Moies ass en klengen Grupp Letzebuerger schon virgefuer op Marienfeld fiir Plaatzen zereserveieren. Waat dunn awer net esou evident war. Den Haaptfeeler leit awer bei der deitscher Organisatioun, keng Kontrollen fir op Feld zekommen an et ass nach manner kontroliert gin an deenen verschidden Secteuren. Also lungen mir dunn do zimlech gequetscht.

Och den Samsden wier eriwwer gaang ouni JMJ-Feeling, wier do net dei Veillée gewiecht mam Benedikt den 16. Hien huet nämlech eng Glack geweit op der stong angraveiert: Vum Poopst Benedikt den 16ten gouf ech geseent, Jen-Paul den 2ten gin ech genannt, an ech lauden zu Eieren Gottes. Daat war deen groussen Moment, fir d‘eischter Keier zenter den Jean-Paul 2. gestuerwen ass, hun ech realiseiert dass hien niemei eng JMJ wärt kennen feieren. Dass mir JMJ him zeverdanken hun, hien huet schliislech dei Initiativ ergraff fir Jugend aus aller Welt zesummen zeruffen. Ouni hien hätt ech elo net deen Glaawen deen ech elo hun, an ouni hien, geng et och net weider goen.

Et war awer och deen eischten Moment an deem ech den Här Ratzinger als Poopst Benedikt den 16. akzepeiert hun, an hien net mei Ratzinger nennen. Mee domadder net genuch, ech hun erem fond waat ech schon zenter 5 Deeg verluer haat, mein JMJ-Feeling!!! Ech haat en erem mein JMJ-Feeling. D‘Emotiounen an deem Moment waaren grouss. An et gouff Schlussendlech nach eng schein Veillée an och eng schein Sonndes-Mass. Zwar aanescht wei dei op den Weltjugenddee virdrun, awer op hier Maneier schein.

An esou gouf et deen abenteuerlechsten JMJ deen ech bis elo haat.

An et geet virun...

Tom Hecker